top of page
  • RTL

Situatioun a Flüchtlingscampen zanter Jore miserabel (in Luxembourgish)

(Published on 06/12/2020 by RTL)


Am Abrëll huet sech op Samos d’NGO „Just Action“ gegrënnt, déi d’Zesummenaarbecht tëscht de griicheschen Awunner an de geflüchte Persoune fërdere soll.


D’Pandemie huet eisen Alldag iwwerholl, ma Problemer wéi d’Migratioun an déi schlecht Liewenskonditiounen an de Campen op de griicheschen Insele gi weider. Zanter Joren ass d’Situatioun ugespaant, Awunner a Refugiéë ginn op eng haart Prouf gestallt.

Zanter Abrëll gëtt et op Samos d’NGO „Just Action“. D'Zil vun dëser ass et, fir d’Zesummenaarbecht tëscht de griicheschen Awunner an de geflüchte Persounen ze fërderen. D’Monica Camposeo huet mat engem Matgrënner vun der NGO an engem Volontaire aus Lëtzebuerg geschwat, déi den Ament op der Plaz sinn.


2016 gouf de Camp op Samos mat enger Capacitéit fir 650 Leit opgebaut. Déi kleng griichesch Insel ass séier un de Limitten ukomm.


Ugangs dës Joers hunn 8.000 Persounen hei gelieft. Wéinst der Pandemie goufen d’Leit dunn anescht verdeelt. Mëttlerweil sinn hei 4.000 geflüchte Mënschen, déi dorop waarden, dass iwwert hiert Schicksal entscheet gëtt. Den Gianni Manzella ass zu Lëtzebuerg Member vu "Catch a Smile" an den Ament als Volontaire fir d’NGO "Just Action" op Samos. Bis Mäerz wëll hien op der Insel hëllefen.


Den Gianni Manzella: „Et muss ee sech et hei virstellen wéi e grousst Waardezëmmer. Wéi eng Salle d’attente iergendwou. Si sëtzen hei ronderëm, näischt ze maachen de ganzen Dag, ausser vläicht u Saache fir sech am Camp ze schaffen, mee bon iergendwann hues de näischt méi ze schaffen. Et ass einfach just ofwaarden, déi ganzen Zäiten, si gi vun enger Plaz op déi aner geschéckt, kréie gesot si musse waarden. Et ass eng héich Frustratioun bei de Leit.“


"Just Action" schafft dowéinst mat Refugiéen a lokale Leit zesummen. D’Community-Volunteers, also Persounen aus dem Camp, hëllefen zum Beispill, fir d’Stroosse ronderëm propper ze halen.


Den Gianni Manzella: „Dat ass ëmmer e Sträitpunkt, wann do alles dreckeg ass an dowéinst probéiere mir, domadder och e bessert Signal ze senden un d’Leit vun hei eben. An och ze weisen, dass et de Leit aus dem Camp net egal ass an dass eppes gemaach gëtt.“


Virun allem nom Äerdbiewen an den Iwwerschwemmunge virun engem Mount war et wichteg, och déi lokal Populatioun ze ënnerstëtzen. An engem „Free Shop“ kënne sech geflücht Persounen, esou wéi och lokal Leit dat huelen, wat si brauchen. Gegrënnt gouf "Just Action" am Abrëll vum Lene Kjølby Lundsgaard an dem Vasilis Barekos, dee vu Samos ass. Hie kennt dowéinst d’Autoritéiten an d’Awunner a weess, wéi ka gehollef ginn. Dat erméiglecht et der Organisatioun, sech besser op der Plaz ze vernetzen a mat allen Acteuren zesummen ze schaffen.


De Vasilis Barekos, Matgrënner vun "Just Action": „Dat ass wichteg, well esou léieren d’Leit sech kennen. An d’Leit vun der Plaz kënne besser verstoen, dass d’Refugiéë struewelen. Si sinn hei a waarden op hir Asylprozedur a si hunn et och net einfach.“

Och wann d’Konzept vun "Just Action" opzegoe schéngt, d’Aarbecht am Camp wier wéi eng kleng Plooschter. Duerch d’Pandemie géingen d’Asylprozeduren en plus nach zousätzlech ofgebremst ginn.


„Et ass onduerchsichteg dat Ganzt. Et weess ee net wat kënnt. D’Regierung hei gëtt eleng gelooss vun der europäescher Unioun, säit Joren. Do kënne mer nach esou vill ronderëm schwätze wéi mer wëllen. Mech perséinlech mécht et just rosen, wann ech doriwwer nodenken. Dat ass eng kleng Hëllef wat mir hei maachen. Eng ganz kleng.“

3 views
bottom of page